Lëtzebuergesch

Léif Memberen, Supporteren an Frënn vum Kim.

Fir d’éischt wëll de Comité Iech häerzlechst wëllkomm am “Supporterclub Kim Kirchen” heeschen. Elo
no engem Mount, wou de Club an d’Liewen geruff ginn ass, zielen mir schons méi wéi 300 Memberen. Fir
deen groussen Erfolleg dann och oprecht ze erhaalen hun mir schons am Comité vill geschafft an hei dann elo
eisen Programm fier dei next Zäitchen.

“Tour de France”

Dest Joer ass den Départ vun der Grande Boucle mat dem Prologue zu Liège. Daat loosse mir eis
natirlech och nëtt entgoen an fueren mat engem oder och méi Bussen dohin fier eisen Kim op sengem éischten
Start vun deem gréissten Velosevenement ze ënnerstetzen. Den 3. Juli géiff de Bus op folgend Plazen
fortfueren:

– 09h30 : Départ « Am Sand » zu Niederanven
– 10h00 : Départ um P+R à Howald
– 20h30 : Rëckfart vu Liège.

Memberen sollen sech iwert e Virement vun 20 € bis speitstens den 10. Juni umellen (Compte bancaire:
CCRALULL – IBAN LU49 0090 0000 0106 1464). Nët-Memberen bezuelen 25€. Am Präiss ass den
Transport bis op Liège an zereck assuréiert. Am Bus wäert de Chauffeur och Gedrenks verkaafen esou datt
keen groussen Duuscht wäert leiden. Op der Platz selwer kënnen d’Leit man an doën wat se wëllen, woubei
während dem Prologue awer et méi schéin wier wann mir geschlossen op enger Platz stéingen. Den
selweschtegen Daag huet de Kim och nach Gebuertsdaag an do ass en ordentlechen Happy Birthday jo
selbstverständlech un der Dagesuerdnung.

Polo’en, Stickeren, Autogrammkaarten an een Calicot sinn an Fabrikatioun. Dës Gadgeten
wäerten an der nexter Zäit op eiser Homepage fir den Verkaaf ugebueden gin. Och am Bus fier op Liège wäert
de Comité Fanartikelen dobäi hun.

Eng Ausstellung iwert « Dynastie » Kirchen (Jeng, Abbes, Jim, Mett, Romain, Erny, Kim) ass
och an der Préparatioun, dei fir d’Landesmeeschterschaft (26+27 juni) zu Niederanven am Sand wäert fir den
groussen Public opgemeet gin. Genee Informatiounen heiriwer och an Zukunft op eiser Homepage, per email
oder Post.

Eng Fanzeitung steet och kuerz virun der Première. Dës Broschür an villes méi kënnt dir och den 27
Juni bei eis um Stand bei der Landesmeeschterschaft ofhuelen an liesen.

www.kimkirchen.lu , fir all dé Leit dé eisen superen Site nach nët entdeckt sollten hun, et lount sech
eng Kéier hei laanscht ze surfen an eppes an Guestbook ze schreiwen.

Voilà, wéi Dir gesitt steet vill virun der Dir. Bonne Chance em Kim fir déi next Coursen an an der
Hoffung Iech geschwënn bei eisen Aktivitéiten ze gesin. Bis dohin bëscht Greiss an gutt Been.

Äere Comité